Omschrijving
"Kanns de mer fir d'éischt däi ganzen Numm soen?", seet d'Joffer. "Da kann ech dech aschreiwen." "Ech heesche Pippilotta Viktualia Rulljalousia Peffermënz Efraimsduechter Laangstrëmp, d'Duechter vum Kapitän Efraim Laangstrëmp, fréier Pirat, elo Südsikinnek. Pippi ass u sech just mäi Spëtznumm, well mäi Pappa huet fonnt, dass Pippilotta ze laang wier."
D'Pippi ass op der ganzer Welt bekannt - ob als Pippi Långstrump oder als Pippi Langstrumpf, Pippi Longstocking, Fifi Brindacier, Bibi Meia-Longa oder Pippi Calzelunghe. Elo läit dat berühmt Kannerbuch vum Astrid Lindgren (1907-2002) fir d'éischt Kéier op Lëtzebuergesch vir.
D'Astrid Lindgren (1907-2002) ass déi bekanntst Kannerbuchautorin vun der Welt. Hir dräi Bicher mam "Pippi Långstrump? huet si tëscht 1945 an 1948 geschriwwen. D'Astrid Lindgren gouf ë.a. mam Friddenspräis vum däitsche Buchhandel a mam Alternativen Nobelpräis ausgezeechent.
D'Melissa Westerlund-Monnet, 1988 an der Stad gebuer an zu Téiteng opgewuess, huet no hirem Bachelorstudium zu Edinburgh (Englesch Literatur a Skandinavesch Studien) eng Formatioun als Enseignante a Schweden gemaach. Si schafft selbstänneg als Dolmetscher an Iwwersetzer.